Net agelogged Newsletter | Login

Retro Hit

Vu méindes bis freides, emmer owes kuerz no 19h00 krit Dir vun mir den „Eldoradio Retrohit vum Dag“ zervéiert.

All Dag huet seng speziell Lidder ze bidden, déi mir dee Moment gäere rem aus der Plackekescht raushuelen!

Ee méi oder manner aalt Lidd, daat z.B. op deem Dag irgendwou op Nr.1 vun den Charts stoung, oder ee Lidd vun engem Starmusiker dee Gebuertsdag huet, ee coole Filmhit, etc.

Rendez-Vous fir den „Eldoradio Retrohit vum Dag“, kuerz no 19h00

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »

Retrohit vum 02.09.10

02.09.2010, 14:18
Haut virun 8 Joer huet den Hervert Grönemeyer sech mat sengem neien Album „Mensch“ zréck gemellt. Den Erfolleg ass onbeschreiflech: Bis Oktober huet „Mensch“ sech 1,5 Milliounen Mol verkaft, an déi dozougehéireg Tour war séier ausverkaf. D'Single ...

Retrohit vum 01.09.10

01.09.2010, 12:17
Haut viru 9 Joer ass de Song „Superman (It’s Not Easy)“ vun "Five For Fighting" an di amerikanesch Charts era geklommen. 10 Deeg méi spéit hunn d'Terroruschléi an den USA d'ganz Welt schockéiert. Ronn 3.000 Menschen koumen em d'Liewen, dorënner 300 ...

Retrohit vum 31.08.10

31.08.2010, 13:28
Haut viru 25 Joer sinn d'Dire Straits mat „Brothers In Arms“ op Plaatz 1 vun den amerikaneschen Albumcharts geland. 9 Woche blouf den Album op der Spëtzepositioun. En huet och d'Spëtzt a 25 anere Länner erreecht, an huet sech weltwäit iwwer 30 Millioune mol verkaft. ...

Retrohit vum 30.08.10

30.08.2010, 15:00
Haut virun 13 Joer haten "The Notorious B.I.G. featuring Puff Daddy & Mase" eng Nummer 1 an den USA mat „Mo Money Mo Problems“. Mëtt de 90er Joere koum et zum Sträit tëscht de Rapper vun der amerikanescher Ost- a Westküst. Dee Sträit ass eskaléiert: Als

Retrohit vum 20.08.10

20.08.2010, 12:25
Den Jamie Cullum huet haut Geburtsdag. Den englesche Sänger kritt 31 Joer. Scho fréih huet hien sech fir d'Jazz-Musek intresséiert, fir d'Musek vum Miles Davis an Herbie Hancock. Mat 13 huet hien ugefaange Piano, Batterie a Gittar ze spillen. Eischt Geld huet hien als Pianist ...

Retrohit vum 19.08.10

19.08.2010, 14:45
Haut viru 27 Joer huet de Pet Shop Boys Sänger Neil Tennant zu New York säin grousst Idol kenne geléiert, den Dance-Produzent Bobby Orlando. Kurz drop huet de Neil Tennant zesumme mat sengem Kolleg Chris Lowe een Dag laang mam Bobby Orlando am Studio un engem Lidd mam Numm ...

Retrohit vum 18.08.10

18.08.2010, 15:27
Haut viru 26 Joer war den George Michael mat „Careless Whisper“ op Plaatz 1 vun den engleschen Charts.  Et war déi 1. Single, déi ënner dem George Michael sengem eegenen Numm a net ënnert deem vu Wham eraus komm war. Den Text dozou hat den George Michael scho ...

Retrohit vum 17.08.10

17.08.2010, 12:37
Haut viru 19 Joer ware Right Said Fred mat hirer Single „I’m Too Sexy“ op Plaatz 2 vun den engleschen Charts. An den USA huet den Titel souguer Platz 1 erreecht - wat bis dohin just enger britescher Band mat enger Debütsingle gelongen war – de Beatles. Di zwee Bridder ...

Retrohit vum 13.08.10

13.08.2010, 13:31
Haut viru 9 Joer war den Uncle Kracker mat „Follow Me“ op Plaatz 1 vun den däitschen Charts. Den Uncle Kracker heescht eigentlech Matt Shafter, an huet seng Carriere als Rapper an DJ ugefangen. Am Alter vun 13 Joer léiert hien de Kid Rock kennen, a schafft vun do un fir hien ...

Retrohit vum 12.08.10

12.08.2010, 14:56
De Mark Knopfler kritt haut 61 Joer. De Mark Knopfler huet a senger Carriere direkt e puer Grammy'en gewonn, a war de Kapp vun der Rockband "Dire Straits", mat där hie weltwait bekannt gouf. Mat iwwer 120 Millioune verkaften Alben zielt de Knopfler zu deene Museker, déi sech an der ... De

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »

Alternative content



Last Played Songs

Edward Maya

Stereo Love
Buy
19:24

Black Eyed Peas

Shut Up
Buy
19:18

Panic! At The Disco

But It's Better If You Do
Buy
19:11

Marina And The Diamonds

Hollywood
Buy
19:07
CD Cover

Herbert Groenemeyer

Mensch
19:01